Formel 1: Grousse Präis vun Abu DhabiMax Verstappen séchert sech d'Pole Position, Hamilton op P3

RTL Lëtzebuerg
De Fuerer vu Red Bull konnt sech am leschte Qualifying vun der Saison d'Pole virun den zwee Mercedes-Gefierer sécheren.
De Resumé vum Qualifying
Am leschte Qualifying vun der Saison séchert sech de Max Verstappen d’Pole Position virum Valtteri Bottas an dem Lewis Hamilton.

E Samschdeg ass zu Abu Dhabi fir eng leschte kéier an der Saison de Qualifying gefuer ginn. De Lewis Hamilton war no der Corona-Paus nees zréck am Sëtz vu Mercedes, sou dass den George Russell rëm fir d’Ecurie vu Williams am Asaz war. Am Q2 hunn et ënnert anerem den Daniel Ricciardo, Sebastian Vettel an de Gewënner vu leschtem Weekend, de Sergio Perez net an d’Top-10 gepackt a krute sech sou net fir de Q3 qualifizéiert.

Do hat um Enn mat enger staarker leschter Ronn de Max Verstappen déi bescht Zäit Opweises a sou start den Hollänner e Sonndeg virum Valtteri Bottas an dem Lewis Hamilton vu Mercedes. D’Course zu Abu Dhabi geet um 14:10 Auer lass.

Back to Top
CIM LOGO