Formel 1: Grousse Präis vu GroussbritannienMax Verstappen virun de Sëlwerfeiler zu Silverstone

Tim Hensgen
Beim Heem-Grand-Prix vum Weltmeeschter Lewis Hamilton ass just eng 2. Plaz fir de Britt erausgesprongen, 3. gouf de Valtteri Bottas.
Formel 1: Grousse Präis vu Groussbritannien
Den Hollänner Max Verstappen huet dem Lokalmatador Lewis Hamilton zu Silverstone an d’Zopp gespaut.

Showdown a Groussbritannien - fir de 70. Anniversaire vun der Formel 1 gouf et eng Victoire vum Max Verstappen op Red Bull op dem traditiounsräiche Circuit vu Silverstone.

Fir den Hollänner Verstappen war et déi 9. Victoire a senger Karriär an der Kinneksklass vum Motorsport. Op d’Plazen 2 an 3 koumen déi zwee Mercedes vum Lewis Hamilton a Valtteri Bottas.

Déi 4. Plaz war fir de Monegass Charles Leclerc op Ferrari an de 4-fache Weltmeeschter Sebastian Vettel koum um 2. Ferrari just op déi 12. Plaz.

Den Iwwerraschung-3. aus dem Qualifying Nico Hülkenberg ass um Enn als 7. iwwer de wäisse Stréch gefuer.

De Lewis Hamilton bleift an der Weltmeeschterschaft kloer virum Valtteri Bottas.

Back to Top
CIM LOGO