Formel 1Max Verstappen wënnt Krimi ëm Pole Position

RTL Lëtzebuerg
De Max Verstappen séchert sech d'Plaz 1 virum Ferrari-Duo Charles Leclerc a Carlos Sainz. De Mercedes vum Lewis Hamilton geet muer vu Plaz 4 an d'Course.
© RTL

Am leschten Tuer vum Qualifying ass de Max Verstappen bei sengem Heemspill déi séiersten Zäit gefuer a konnt de Charles Leclerc, dee bis dohin am séierste war, nach vun der éischter Plaz verdrängen. Den zweete Ferrari-Pilot Carlos Sainz an de Lewis Hamilton op Mercedes komplettéieren déi éischt zwou Startreien. Tëscht dem Hollänner am dem Monegass louche just 0,021 Sekonnen.

Dem Verstappen säi Coequipier, de Sergio Perez, hat am leschten Tuer eng Sortie, déi e giele Fändel ausgeléist huet, sou dass d’Piloten, déi nach op enger séierer Ronn waren, sech net méi verbessere konnten.

Am éischten Tuer vum Qualifying waren ënner anerem de Sebastian Vettel op Aston Martin, den Daniel Ricciardo op McLaren an de Valteri Bottas op Alfa Romeo ausgescheet. Am zweeten Tuer hat et ënner anerem béid Alpine-Fuerer, den Alonso an den Ocon, erwëscht.

Suivéiert d’Course um Sonndeg um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2022

D’WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL

PDF: De Formel-1-Kalenner vun der Saison 2022

Back to Top
CIM LOGO