FIA Karting Academy TrophyMaxime Furon-Castelain kënnt op déi 2. Plaz an der éischter Manche
Bei dëser Kompetitioun gëtt pro Land jeeweils ee Pilot, deen tëscht 12 a 14 Joer al ass, designéiert, an déi eenzel Piloten trieden da géinteneen un.
An dat ënnert deene selwechte Konditiounen: Chassis, Motor, Sëtz a Pneue si bei all Pilot déi selwecht. Dat, fir dass d’Course sech reng op d’Fuere selwer baséiert.
No 2 Victoiren an enger 4. Plaz konnt hien an der 4. Manche op der 2. Plaz starten, wou hie schlussendlech Zweete gouf. Soumat gouf de jonke Maxime Furon-Castelain Zweeten am General vun der éischter Kompetitioun, hannert dem Connor Zilisch.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
PDF: Offizielle Communiqué vum ACL Sport