
De Bouf vum Michael Schumacher wäert d’nächst Woch nom Grousse Präis vu Bahrain, op där Streck eng éischte Kéier fir Ferrari testen. Den Dag drop fiert en da fir d’Partner-Team Alfa Romeo.
Den 20 Joer ale Schumacher mécht de Weekend säin Debut an der Formel 2 a gehéiert eben och zur Nowuess-Akademie vu Ferrari.
Fir Scuderia hat säi Papp, de Michael Schumacher, 5 vu senge 7 Weltmeeschter-Titele geholl.