Op der Sich no neiem CockpitMick Schumacher viru Formel-1-Aus?

RTL Lëtzebuerg
De Mick Schumacher wäert no dëser Saison net méi Member vun der Ferrari-Akademie sinn, woumat en neie Kontrakt mat Haas onwarscheinlech wäert sinn.

De Mick Schumacher a Ferrari wäerten nom Oflaf vun der Saison 2022 getrennte Weeër goen. Dat heescht, dass den däitsche Pilot nach op der Sich no engem neie Formel-1-Cockpit fir d’Saison 2023 ass.

Obwuel et bis elo keng Confirmatioun vun der Ekipp gouf, gëtt am Fuererlager ugeholl, dass de Schumacher net fir eng drëtt Saison bei Haas fuere wäert.

D’Ekippen Alpine a Williams gehéieren zu den Ekippen, déi nächst Joer nach Plaz fir e Pilot hunn. Bei der franséischer Ecurie ass den aktuellen AlphaTauri Pilot Pierre Gasly allerdéngs Favorit.

Wann de Pierre Gasly bei Alpine wiesselt, kéim dann nach AlphaTauri a Fro. Den amerikanesche Pilot Colton Herta soll do awer méi warscheinlech sinn.

Alfa Romeo soll fir den 23 Joer ale Pilot och keng Optioun sinn, well de Chines Guanyu Zhou en neie Kontrakt soll ënnerschreiwen.

Domadder besteet d’Méiglechkeet, dass fir d’Saison 2023 keen däitsche Pilot vertruede wäert sinn.

Eng Zäit gouf de Schumacher nach als potenziellen Wierksfuerer bei Ferrari gehandelt, mee a leschter Zäit huet d’Ënnerstëtzung fir hien nogelooss. Den Charles Leclerc an de Carlos Sainz hunn nach e Kontrakt bei Ferrari bis Ënn 2024.

Back to Top
CIM LOGO