Formel 1Mick Schumacher wäert 2021 fir Haas un den Depart goen

RTL Lëtzebuerg
Den 21 Joer alen Automobilsportler ënnerschreift ee Kontrakt bei Haas a klëmmt domat an déi héchst Rennserie op.
© AFP (Archiv)

Zanter Wochen hat et sech ewell ugedeit, elo ass et offiziell. De Jong vum Rekordweltmeeschter Michael Schumacher steet kuerz virum Titelgewënn an der Formel 2.

D’nächst Joer kann den 21 Joer ale Schumacher da säin Talent an der Fomel 1 ënner Beweis stellen.

Back to Top
CIM LOGO