
An den éischte Ronnen konnt sech de Joan Mir op Suzuki un d’Spëtzt setzen an dat virum Jack Miller an dem Takaaki Nakagami. An der 16. Ronn hat de Maverick Vinales awer Problemer mam Moto an huet gemierkt dat d’Bremsen net méi richteg fonktionnéiert hunn. Fir sech ze schützen huet sech de Spuenier bei 210 km/h vum Moto fale gelooss an nom aschloe an d’Streckebegrenzungen huet dëse Feier gefaangen. Duerch dëse Crash gouf d’Course ënnerbrach an nees nei gestart fir déi lescht 12 Ronnen.
Beim Restart ass den Jack Miller ganz gutt fort komm an huet sech un d’Spëtzt gesat mee an de Ronnen dono ass et héich hiergaangen an der Lutte ëm de Podium. An der leschter Ronn hu sech de Pol Espargaro an den Jack Miller ëm d’Victoire gestridden. A wann zwee sech streiden da freet sech den drëtten, an esou konnt de Miguel Oliveira op KTM nach an der leschter Kéier déi zwee iwwerhuelen a wënnt um Red Bull Ring. De Portugis stoung virdrun nach ni um Podium an dëst ass soumat seng éischt Victoire. Et ass och déi éischt Victoire fir e Portugis an der MotoGP. Zweete gouf den Jack Miller op Ducati virum Pol Espargaro op KTM.