MotoGPMiguel Oliveira wënnt de Grousse Präis vun Indonesien

RTL Lëtzebuerg
Hannert dem KTM-Pilot sinn de Fabio Quartararo an de Johann Zarco op d'Plazen 2. an 3 gefuer.
© AFP

Net einfach waren d’Wiederkonditiounen e Sonndeg beim Grousse Präis vun Indonesien. Wéinst zolittem Reen virun der MotoGP-Course huet de Start missen no hanne geréckelt ginn.

De Miguel Oliveira ass am beschte mat de Konditiounen eens ginn an huet sech souverän d’Victoire geséchert. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Fabio Quartararo an de Johann Zarco gefuer. Fir den Oliveira ass et déi 4. Victoire an der MotoGP.

De Fabio Quartararo (Yamaha), dee vun der Pole Position gestart ass, konnt seng Leader Positioun net laang halen. An der éischter vun den 20 Ronnen huet de Miguel Oliveira (KTM) hien iwwerholl. An der zweeter Ronn huet den Jack Miller (Ducati) den Oliveira ausgebremst a sech un d’Spëtzt gesat. Béid Piloten hu sech duerno vun hire Konkurrenten ofgesat. An der fënnefter Ronn huet den Oliveira sech nees un d’Spëtzt gesat an huet dës bis zum Schluss net méi hier ginn. Hannert dem spéidere Gewënner hu sech den Jack Miller, de Johann Zarco (Ducati) an de Fabio Quartararo e spannenden Duell ëm déi weider Plazen um Podium geliwwert. De Weltmeeschter huet sech um Enn déi 2. Plaz geséchert, säin éischte Podium bei enger Reen-Course, an de Johann Zarco ass Drëtte ginn.

De Marc Marquez konnt net un den Depart goen. De Spuenier war am Warm-up mat héijer Vitess uerg gefall an hat sech e puer Mol iwwerschloen. Den Honda-Pilot krut wéinst enger Gehiererschütterung keng gréng Luucht fir ze starten a gouf mat engem Helikopter an d’Klinick geflunn, fir weider Ënnersichungen duerchzeféieren an eng Blessur auszeschléissen.

An der Moto2 huet de Somikat Chantra zu Mandalika Geschicht geschriwwen. De Kalex-Pilot huet beim Grousse Präis vun Indonesien op dominant Manéier net nëmme seng éischt Moto2-Course gewonnen. Hien ass och deen éischten Thailänner, deem an der Motorrad-WM eng Victoire geléngt. De Podium huet hie sech mam Celestino Vietti (Kalex) an Aron Canet (Kalex) gedeelt.

Den Honda-Pilot Dennis Foggia huet e Sonndeg seng éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. De Spuenier vum Team Leopard huet d’Moto3-Course dominéiert an huet senge Konkurrente keng Chance gelooss. An der Lutte ëm déi aner Plazen um Podium huet sech den Izan Guevara (GasGas) virum Carlos Tatay (CFMoto) duerchgesat.

Um RTL Play fannt Dir de Replay vun de Courssen.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Miguel Oliveira PT Red Bull KTM Factory Racing KTM
2 Fabio Quartararo FR Monster Energy Yamaha MotoGP™ Yamaha +2.205
3 Johann Zarco FR Pramac Racing Ducati +3.158
4 Jack Miller AU Ducati Lenovo Team Ducati +5.663
5 Alex Rins ES Team SUZUKI ECSTAR Suzuki +7.044
6 Joan Mir ES Team SUZUKI ECSTAR Suzuki +7.832
7 Franco Morbidelli IT Monster Energy Yamaha MotoGP™ Yamaha +21.115
8 Brad Binder ZA Red Bull KTM Factory Racing KTM +32.413
9 Aleix Espargaro ES Aprilia Racing Aprilia 151.8 +32.586
10 Darryn Binder ZA WithU Yamaha RNF MotoGP™ Team Yamaha +32.901

Moto2

1 Somkiat Chantra TH IDEMITSU Honda Team Asia Kalex
2 Celestino Vietti IT Mooney VR46 Racing Team Kalex +3.23
3 Aron Canet ES Flexbox HP40 Kalex +4.366
4 Sam Lowes GB ELF Marc VDS Racing Team Kalex +7.918
5 Augusto Fernandez ES Red Bull KTM Ajo Kalex +12.228
6 Ai Ogura JP Idemitsu Honda Team Asia Kalex +12.384
7 Fermín Aldeguer ES MB Conveyors Speed Up Boscoscuro +12.696
8 Tony Arbolino IT ELF Marc VDS Racing Team Kalex +14.547
9 Pedro Acosta ES Red Bull KTM Ajo Kalex +17.786
10 Albert Arenas ES Inde GASGAS Aspar Team Kalex +18.327

Moto3

1 Dennis Foggia IT Leopard Racing Honda
2 Izan Guevara ES Gaviota GASGAS Aspar Team GasGas +2.612
3 Carlos Tatay ES CFMOTO Racing PrustelGP CFMoto +3.639
4 Sergio Garcia ES Gaviota GASGAS Aspar Team GasGas +3.759
5 Deniz Öncü TR Red Bull KTM Tech 3 KTM +3.87
6 Xavier Artigas ES CFMOTO Racing PruestelGP CFMoto +4.962
7 Jaume Masia ES Red Bull KTM Ajo KTM +5.289
8 Elia Bartolini IT QJMOTOR Avintia Racing Team KTM +5.405
9 Daniel Holgado ES Red Bull KTM Ajo KTM +5.533
10 Tatsuki Suzuki JP Leopard Racing Honda +5.687

De General

MotoGP

1. Enea Bastianini 30
2. Brad Binder 28
3. Fabio Quartararo 27

Moto2

1. Celestino Vietti 45
2. Aron Canet 36
3. Sam Lowes 29

Moto3

1. Dennis Foggia 34
2. Sergio Garcia 33
3. Izan Guevara 28

Back to Top
CIM LOGO