Birkenfeld LöwenrallyeMike Souvigné a Lorine Duarte op gudder 6. Plaz am General

Andy Brücker
De 26. Juni war den zweete Laf vun der Coupe-Rallye. Hei waren et de Mike Souvigné an d'Lorine Duarte um Renault Clio R3 Max, déi iwwerzeege konnten.
© Lorine Duarte / Facebook

Si ginn um Enn déi exzellent 6. am Generalklassement a sinn domat och déi éischt Fronttriebler. Si gewannen de Grupp RC4 an d’Klass R3S.

Op der 17. Plaz fanne mer dann den Andy Schaus, deen um Opel Adam R2 am Asaz war, dat mat dem däitsche Copilot Jens-Erik Brack. Am Grupp RC4 komme se op Plaz 5 an an der Klass A gi se déi Zweet.

Op Plaz 30 da kommen de Sam Weimerskirch an de Cédric Zoenen um Mitsubishi Evo 8. Nieft Problemer mat der Waassertemperatur um Evo, koum de Sam selwer och net wierklech an de Rhythmus bei dësem Rallye.

Net bis op d’Arrivée gepackt hunn et den däitsche Pilot Patrick Fank mat sengem Lëtzebuerger Copilot André (Kik) Foxius. De Mitsubishi Evo 9 huet no der 1. Special Problemer gemaach, wouropshin si hu mussen opginn.

PDF: D’Schlussresultat an der IwwersiichtWéi et aktuell an der Coupe Rallye ausgesäit mat de Punkten, kënne mer Iech leider net soen. De Site vun der Automobilsportfederatioun gouf nach net aktualiséiert.

Back to Top
CIM LOGO