
An der MotoGP huet den Jack Miller (Ducati) no enger 7. Plaz an der Qualifikatioun e Sonndeg eng souverän Victoire beim Grousse Präis vu Japan gefeiert. De Südafrikaner Brad Binder (KTM) an de Spuenier Jorge Martin (Ducati-Pramac) hunn de Podium komplettéiert. De Polesetter Marc Marquez aus Spuenien ass de Véierte ginn.
An der Course ëm den Titel bleift et weider spannend. De Francesco Bagnaia ass am leschten Tour gefall an ass esou a Japan ouni Punkte bliwwen. De Fabio Quartararo ass deen 8. ginn.
No 16 vun 20 Courssen huet de Quartararo am WM-Klassement 219 Punkten. De Bagnaia kënnt op 201 Punkt an den Aleix Espargaro op 194 Punkten. Den Espargaro ass a Japan just de 16. ginn.
D’Victoire an der Moto2 war fir de Lokalmatador Ai Ogura, hien huet sech um Twing Ring vu Motegi géint säi WM-Rival Augusto Fernandez duerchgesat. Den Alonso Lopez huet de Podium als Drëtte komplettéiert.
Véier Coursse viru Schluss spëtzt sech de Kampf ëm de WM-Titel domadder nach emol richteg zou. Den Ogura läit elo just nach zwee Punkten hannert dem Fernandez.
An der Moto3 war d’Victoire fir den Izan Guevara. Op de Podium hunn et nach den Dennis Foggia vu Leopard Racing an den Ayumu Sasaki gepackt.
Am General läit de Guevara mat 254 Punkte kloer un der Spëtzt. De Sergio Garcia huet als Zweeten 209 Punkten an den Dennis Foggia ass aktuell Drëtten an huet 191 Punkten.
Um RTL Play fannt Dir d’Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 am Replay.
MotoGP
1 Jack Miller Ducati Ducati 42:29.174
2 Brad Binder KTM KTM 3.409
3 Jorge Martin Pramac 4.136
Moto2
1. Ai Ogura Kalex 40:56.269
2. Augusto Fernandez Kalex 1.192
3. Alonso Lopez Boscoscuro 7.168
Moto3
1. Izan Guevara GasGas 39:26.526
2. Dennis Foggia Honda 0.593
3. Ayumu Sasaki Husqvarna 1.741
MotoGP
1. Fabio Quartararo 219
2. Francesco Bagnaia 201
3. Aleix Espargaro 194
Moto2
1. Augusto Fernandez 234
2. Ai Ogura 232
3. Aron Canet 177
Moto3
1. Izan Guevara 254
2. Sergio Garcia 209
3. Dennis Foggia 191