Rallye Dakar 2026: 12. EtappNasser Al-Attiyah steet kuerz virun der Schlussvictoire

Jeff Birsens
Bei der zweetleschter Etapp huet sech den Dacia-Pilot bescht Viraussetzunge fir den Ofschloss e Samschdeg gesat. Fir de Charles Munster ass e Freideg eng relativ gutt Plaz erauskomm.
The Dacia Sandriders’s Qatari driver Nasser al-Attiyah and Belgian copilot Fabian Lurquin compete in Stage 12 of the 48th edition of the Dakar Rally 2026, between al-Henakiyah and Yanbu, Saudi Arabia, on January 16, 2026. (Photo by Giuseppe CACACE / AFP)
© AFP

E Freideg war bei der Rallye Dakar 2026 déi 12. Etapp, bei där et iwwer am Ganze 718 Kilometer vun Al Henakiyah op Yanbu gaangen ass. Gewonnen an domadder e grousse Schrëtt Richtung Schlussvictoire gemaach huet den Nasser Al-Attiyah, fir deen et déi 50. Dagesvictoire a senger Karriär war. Den Dacia-Pilot hat um Enn vun der Etapp en Ecart vun 1:04 Minutt op de Mitch Guthrie an 1:25 Minutt op den Toby Price. Am General kann den Al-Attiyah säi Virsprong op der Spëtzt op den Nani Roma ëm ronn eng véierel Stonn vergréisseren an ass virun der leschter Etapp e Samschdeg am Normalfall net méi anzehuelen.

De Charles Munster ass zesumme mat sengem Co-Pilot Xavier Panseri op eng gutt 51. Plaz komm. Am General steet de Lëtzebuerger op Plaz 121.

Back to Top
CIM LOGO