
Den Al-Attiyah (Toyota) ass a 4 Stonnen an 3 Minutten d’Beschtzäit um Méindeg gefuer, dat viru Peterhansel (Mini) a Sainz, och op Mini. Am General ass den Duo Peterhansel/Boulanger elo de Leader, dat mat enger Gesamtzäit vu 7 Stonnen 17 Minutten an 18 Sekonnen. Op Plaz 2 komme Sainz/Cruz op 6min37 an op Plaz 3 Al-Attiyah/Baumel op 9min14.
Bei de Motorrieder huet den Honda-Pilot Barreda um Méindeg sou richteg opgedréint a sech d’Féierung am General geholl. Och de Ricky Brabec (Honda) ass nees vir mat dobäi, dëst no senger zweeter Plaz op der 2. Etapp. Plaz 3 goung vun de Pablo Quitanilla op Husqvarna. Am General dominéiert aktuell Honda, mat Barreda a Brabec op den zwou éischte Plazen. Hannendru kënne de Ross Branch op Yamaha. Beschte KTM-Pilot ass aktuell de Skyler Howes op Plaz 8, dat scho mat 9min31 Réckstand.

Den Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

| Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
| 3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
| 4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
| 5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
| 6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
| 7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
| 8.1. | Buraydah - Ha’il | 655 | 448 |
| 9.1. | Roudag | - | - |
| 10.1. | Ha’il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
| 11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
| 12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
| 13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
| 14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
| 15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
| GESAMT | 7.646 | 4.767 |