
Den Hyundai-Pilot Thierry Neuville huet op der leschter vu 14 Specialen nach de Brit Elfyn Evans (Ford) agefaangen an d’Rallye Korsika gewonnen. Den Evans huet wéinst engem Platten knapp annerhallef Minutt op den Neuville verluer an ass um Enn nëmmen den Drëtte ginn. Op déi zweete Plaz ass de Sébastian Ogier gefuer. Hien hat e Réckstand vu 40 Sekonnen op de Gewënner Neuville.
An der WM ass domat den Thierry Neuville elo neie Leader virum Sébastien Ogier an dem Ott Tänak.