
An der Rallye-Weltmeeschterschaft gouf et e Sonndeg e Succès fir den Thierry Neuville. De Hyundai-Pilot huet sech bei der Rallye vu Katalounien no ronn 1400 Kilometer a 17 Specialle mat enger Avance vu 24 Sekonne virum Elfyn Evans (Toyota) duerchgesat. Den Dani Sordo (Hyundai) hat als Drëtten e Retard vu 35 Sekonnen.
De WM-Leader Sébastien Ogier (Toyota) ass a Spuenien dee Véierte ginn. De Fransous bleift domadder un der Spëtzt vum General an huet virun der leschter Manche e Virsprong vu 17 Punkten op den Evans.
Déi lescht Epreuve ass d’Rallye vu Monza Mëtt November.