Et war en immens spannende Rallye a Spuenien. Virun dësem Rallye haten nach 3 Equipagen d’Méiglechkeet Weltmeeschter ze ginn.
Leader waren Ott Tänak / Martin Järveoja op Toyota Yaris WRC mat 240 Punkten.
Hannendru koume Sébastien Ogier / Julien Ingrassia um Citroën DS3 WRC mat 212 Punkten, an op Plaz 3 den Thierry Neuville an den Nicolas Gilsoul um Hyundai i20 WRC.
Nodeems de Sébastien Ogier scho fréi am Rallye mat technesche Problemer um Citroën ze kämpfen hat, konnt deen net méi ëm d’Victoire beim Rallye Catalunya kämpfen, an seng Chancen op de WM-Titel si soumat och méi kleng ginn. No dësem Rallye ass just nach de Rallye an Australien.
Den Thierry Neuville huet säi Soll erfëllt an konnt sech un d’Spëtzt vum Rallye setzen, an déi Positioun och net méi ofginn bis un d’Enn vun de 17 Speciallen.
Fir den Ott Tänak gouf et verschidde Méiglechkeeten, wéi hie a Spuenien scho säin 1. Weltmeeschtertitel feiere konnt. Virun der leschter Special, der Powerstage, war hien 3. am General, 5,8 Sekonnen hannert dem Sordo.
Op der Powerstage ginn et nach emol Extrapunkten, wouduerch et immens spannend ginn ass, ween déi gewënnt, a ween do wéivill Bonuspunkte kritt.
De Séiersten op der Powerstage war den Tänak um Toyota, wouduerch hien déi 5. Extrapunkte kritt huet, déi him duerginn, fir säin 1. Weltmeeschtertitel ze feieren. Hinnen ass et souguer gelongen am General nach op Plaz 2 no vir ze fueren, mat just 0,4 Sekonne Virsprong op Sordo/Del Barrio.
Den estoneschen Duo sinn déi éischt Rallye-Weltmeeschter zanter 2003, déi net aus Frankräich kommen. Déi lescht Jore waren et de Sébastien Loeb / Daniel Elena, souwéi de Sébastien Ogier / Julien Ingrassia, déi d’Rallye-WM dominéiert haten. Do virdrun war et den Norweger Petter Solberg, deen 2003 de Weltmeeschtertitel feiere konnt.
De Rallye gewonnen huet den Duo Neuville/Gilsoul, virun Tänak/Järveoja a Sordo/del Barrio.

Rally de España (Salou), 24 - 27 October 2019:
1. T Neuville / N Gilsoul BEL Hyundai i20 3hr 07min 39.6sec
2. O Tänak / M Järveoja EST Toyota Yaris +17.2sec
3. D Sordo / C del Barrio ESP Hyundai i20 +17.6sec
4. S Loeb / D Elena FRA Hyundai i20 +53.9sec
5. J-M Latvala / M Anttila FIN Toyota Yaris +1min 00.2sec
6. E Evans / S Martin GBR Ford Fiesta +1min 14.2sec
Ott Tänak: 240 + 23 = 263
Thierry Neuville: 199 + 28 = 227
Sébastien Ogier: 212 + 5 = 217
An der Constructeurs-WM bleift et spannend bis déi lescht Course. Hei huet aktuell Hyundai d’Nues vir, ma Toyota behält weiderhi Chancen op de WM-Titel.