
Nieft dem Grosjean fiert jo och de Kevin Magnussen an der Saison 2020 fir Haas. Domat ass eng weider Méiglechkeet fir den däitsche Formel-1-Pilot Hülkenberg vum Dësch.

Säi Kontrakt bei Renault gouf jo net verlängert, a fir déi nächst Saison huet hien nach keen neie Patron. Just bei Alfa Romeo, Red Bull an Toro Rosso sinn d’Fuerer fir 2020 nach net offiziell bestätegt.
Den Hülkenberg huet e Méindeg bei n-tv a beim däitschen RTL gesot, wann hie wëll, da géif hien och e Cockpit kréien.
Vill Optioune bleiwen him op alle Fall net méi.