Bei der 43. Editioun vun der Mille Miglia gouf et eng Victoire vum Equipage Andrea Vesco/Fabio Salvinelli op enger Alfa Romeo 6C 1750 SS vun 1929 (Startnummer 54). Et ass schonn déi 6. Victoire vun dësem italieeneschen Equipage. Als beschte Lëtzebuerger huet sech den Equipage Niederkorn/Thein als 86. klasséiert.
Vun en Dënschdeg bis e Samschdeg war deen traditionellen Oldtimer Rallye vu Brescia op Roum an dunn nees zeréck op Brescia. Iwwer 5 Etappe sinn déi 450 Oldtimeren déi 1.900 Kilometer laang Streck gefuer:
1. Brescia-San Lazzaro di Savena (bei Bologna)
2. Bologna-Roum
3. Roum-Cervia
4. Cervia-Parma
5. Parma-Brescia
De Parcours huet enger Aachtche geglach, esou wéi d‘Course virum 2. Weltkrich gefuer gouf, vum Norden an de Süden an dann eriwwer an den Osten a vun do an de Westen.
Dëst Joer ware 5 Lëtzebuerger Autoen um Depart:
Rollinger/Turci goufen déi 118., Lenert/Silverio déi 231., Wetz/Galloni déi 341. a Flesch/Lechantre hunn d’Arrivée leider net gesinn.