24 Hours of SPA EWC Motos 2023No 4. Plaz ass RAC41 mam Chris Leesch Leader vum World Cup

RTL Lëtzebuerg
Et waren alt nees wëll 24 Stonnen an den Ardennen.

Bei héijen Temperaturen am Nomëtteg sinn ee puer Motore geplatzt a Fuerer gefall, dorënner och déi zwee bescht Superstock vum Optakt zu Le Mans am Abrëll. De Chris Leesch, Wayne Tessels an Jonathan Hardt si mat hirer Honda Fireblade awer wéi eng Éierche gedréint. Owes em 22 Auer huet d’Ekipp Chromeburner als Sechst am General an éischt Superstock d’Tëschewäertung gewonnen. Nuets gouf et bëssi méi roueg, ma net wierklech méi lues. Déi zweet Tëschewäertung passéiert d’Nummer 41 als zweet, ma du mécht de Chris Leesch an der legendärer Eau Rouge ee vu senge seelene Feeler. D’Ekipp kritt de Moto no senger Chute awer séier gefléckt.

Mat de Punkte vu Le Mans, den zwou Tëschewäertungen an der Arrivée als 4. Superstock géinge se d’Féierung an der Meeschterschaft iwwerhuelen. Ma den Drama ass nach net eriwwer. Eng Véierelsstonn virun der Arrivée dréint och hir Fireblade net méi ronn, de Chris Leech fiert an d’Box. Um Enn kréie se de Moto awer nach emol un d’Lafen a kommen als 11. am General, 4. Superstock iwwert d’Zillinn.

Op de Bol d’Or als lescht Course am Kalenner fiert RAC41 Chromeburner am September mat 6 Punkte Virsprong op “No Limits Honda” an 12 op de Gewënner vun “Spa National Motos”.

24 Stonne Moto zu Spa-Francorchamps
No enger ganzer Woch Virbereedung huet d’Course fir 36 Equippen, 108 Piloten an Honnerten u
Mecanicien, Logistiker a Soigneuren de Mëtteg pünktlech ugefaangen.
24 Hours of SPA EWC Motos 2023
Et waren alt nees wëll 24 Stonnen an den Ardennen.

PDF: Dat komplett Resultat vun de 24h vu Spa-Francorchamps

Back to Top
CIM LOGO