
Traureg Nouvellë kommen um Samschdeg aus der Moto-GP-Welt. Do ass nämlech, am Kader vum GP vu Malaysia, den Afridza Munandar ëm d’Liewe komm. Den jonken Indonesier ass beim Asia-Talent-Cup, enger Vircourse vum Moto-GP, gefall an ass méi spéit u sengen uerge Blessuren ëm d’Liewe komm.
De Munandar war ee vun den erfollegräichste Fuerer an der Nowuess-Serie a war Favorit fir den Titel. Hie gouf nëmmen 20 Joer al.