E Sonndeg gouf et bei der zweetleschter Course vun der Saison am Porsche Supercup fir den Dylan Pereira eng weider Podiumsplaz. De Lëtzebuerger ass zu Zandvoort hannert dem Mann op der Pole Marvin Klein an dem Morris Schuring op déi drëtte Plaz gefuer. Ma duerch eng Strof vum Morris Schuring ass de Lëtzebuerger nodréiglech esouguer nach op déi zweete Plaz no vir komm. Fir de Klein ass et déi éischt Victoire am Porsche Supercup.
Den Dylan Pereira kann domadder seng Féierung am General weider ausbauen. Eng Course viru Schluss huet hien 137 Punkten an eng Avance vun 18 Punkten op de Larry ten Voorde an 20 Punkten op de Laurin Heinrich. De Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer geet zu Monza eng 9. Plaz a 7 Punkten duer, fir sech den Titel ze sécheren.
Eng Decisioun ass e Sonndeg scho gefall. Lechner Racing (Pereira, King, Buus) huet fréizäiteg d’Klassement vun den Ecurië gewonnen.
De Start an d’Course war vum Dylan Pereira net ganz esou gutt. De 25 Joer ale Pilot, dee wéinst enger Strof net vun der Pole, mä vun der 4. Plaz aus gestart ass, huet an der éischter Ronn an der Kéier dräi e puer Plaze verluer an huet ënnert anerem säi grousse Konkurrent Larry ten Voorde misse laanschtloossen. Duerno ass et awer turbulent weidergaangen. No engem Accrochage tëscht dem Jaap van Lagen an dem Harry King ass de Safety Car erauskomm. Beim Restart an der 6 vu 17 Ronne louch de Mann vun der Pole Marvin Klein un der Spëtzt, do hannendru sinn de Morris Schuring, de Larry ten Voorde, de Bastian Buus, den Dylan Pereira an de Laurin Heinrich komm.
Nom Restart konnt den Dylan Pereira säin Team-Kolleeg Bastian Buus passéieren a sech hannert de Larry ten Voorde op déi véiert Plaz setzen. Gutt fir de Lëtzebuerger, well säin Team-Kolleeg de Laurin Heinrich dunn e bëssen ophale konnt.
An der 7. Ronn ass de Safety Car eng weider Kéier erauskomm, dat nodeems de Michael Verhagen am Kräsi un d’Stoe komm war.
An der 9. Ronn ass d’Course eng weider Kéier nei lancéiert ginn. An et war nees e gudde Restart fir den Dylan Pereira. De Lëtzebuerger konnt de Larry ten Voorde iwwerhuelen a sech hannert de Marvin Klein an de Morris Schuring op Plaz dräi setzen.
4 Ronne viru Schluss gouf d’Course dunn ënnerbrach. Tëscht dem Aaron Masson an dem Stephane Denoual gouf et eng méi hefteg Kollisioun. D’Course ass duerno net méi gestart ginn, sou datt de Marvin Klein virum Morris Schuring an dem Dylan Pereira gewäert gouf. Déi grouss Konkurrente vum Lëtzebuerger Larry ten Voorde a Laurin Heinrich sinn de Véierte respektiv de Sechste ginn.
No der Course krut de Morris Schuring wéinst engem Fréistart eng 5-Sekonne-Strof. Doduerch réckelen den Dylan Pereira (elo P2), de Larry Ten Voorde (elo P3), de Bastian Buus (elo P4) an de Laurin Heinrich (elo P5) eng Plaz no vir.
An dëser Saison bleift nach eng Course ze fueren an dat ass déi zu Monza an Italien. Den 11. September fält dann definitiv d’Decisioun, ob sech den Dylan Pereira den Titel ka sécheren oder net. De Qualifying kënnt Dir wéi gewinnt op RTL.lu an um RTL Play kucken an d’Course gëtt um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.