
De fréiere brasilianesche Formel-1-Sportdirekter Gil de Ferran hätt e Freideg am Alter vu 56 Joer um Bord vun enger Rennstreck am US-Bundesstaat Florida een Häerzinfarkt gehat a wier an enger Klinick un de Suitten dovunner gestuerwen, dat huet de brasilianeschen Automobilverband matgedeelt.

Als Pilot huet de Gil de Ferran ënnert anerem d'500 Meile vun Indianapolis (2003) an zweemol d’Championnat vun der US-amerikanescher CART-Serie (2000 an 2001) gewonnen. Duerno huet hien an der Formel 1 fir BAR-Honda, Honda a McLaren geschafft.