
Den 23 Joer ale Automobilsport vum Joer ass am Porsche Supercup den Éischten am Generalklassement.
Duerch de Coronavirus huet d’Saison am Porsche Supercup och mat Verspéidung ugefaangen. Du goufen déi zwou éischt Courssen zu Spielberg an Éisträich um Red Bull Ring gefuer. De Roude Léiw schéngt do richteg Flilleke gehat ze hunn. Dylan Pereira: “Jo, d’Saison ass zimmlech gutt fir mech gestart. 2. Plaz éischt Course, an elo 1. Plaz zweet Course. D’Pace ass richteg gutt a gëtt mer och richteg Confiance fir déi nächst Courssen. An Éischten an der Tabell ass ëmmer gutt. An einfach esou weider maache wéi bis elo, da geet dat.”
Den nächste Weekend geet et, genee wéi an der Formel 1, scho weider mam Grousse Präis vun Ungarn. Am Moment ass de Lëtzebuerger aus der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi mat sengem Lechner-Racing Team awer nach an Éisträich, well et wéinst dem Coronavirus do méi sécher ass wei zu Budapest.
Den Dylan Pereira huet e Sonndeg seng drëtte Victoire a senger nach jonker Karriär am Porsche Super Cup gefeiert. Fir datt iwwerhaapt gefuer konnt ginn, sinn d’Automobilsportler vun där Serie, zënter Wochen, genee wei och de ganze Formel 1-Zirkus, wéinst dem Hygienekonzept am Kader vum Coronavirus, vun der Baussewelt isoléiert, Franky Hippert:
Lo déi lescht Woche war den Dylan Pereira wéi och déi ganz Welt vun der Formel 1 an Éisträich an enger Zort Quarantaine. Fir an déi isoléiert Bull vun deenen zwou Serien eranzekommen, an och ze bleiwen, ass net esou evident, dozou de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer:"Déi lescht 2 Woche sinn ech op mannst 6 mol getest ginn. Sécherheet geet fir. Am Moment hu mer decidéiert hei an Éisträich ze bleiwen, well an Ungarn zu Budapest Zuele mam Corona nees an d’Luucht ginn.”
Dem Dylan Pereira säin Talent onbestridden. Zejoert stoung den 23 Joer ale Pilot schonn zu Hockenheim an zu Spa ganz uewen op der Träppchen. Jo koum e Sonndeg Spielberg an Éisträich dobäi: “Jo et ass meng 3 Victoire, dëst Joer meng éischt. All Victoire fillt sech ganz ganz gutt un, des Kéier ass et och extrem richteg gäil gewiescht, d’Pace huet och gestemmt. Ma d’Victoire d’lescht Joer zu Spa war och immens cool.”
Am Generalklassement ass den Dylan Pereira no deenen zwou éischte Coursen op der éischter Plaz, mat enger Avance vun 8 Punkten op säin Equipier beim Lechner Racing Team Jaxon Evans aus Neiséiland. Déi nächst Course fir de Pilot aus der Elite Sport Sektioun vun der Arméi ass e Sonndeg am Virfeld vum Formel 1 Grand Prix zu Budapest an Ungarn.