
Um Circuit zu Imola war dem Piastri seng Ronn 34 Dausendstel méi séier wéi déi vum Weltmeeschter Verstappen. Aus der zweeter Startrei fueren e Sonndeg de Russell (Mercedes) an den Norris (McLaren) fort.
Den Alonso um Aston Martin huet et op déi 5. Plaz gepackt, dat virun den zwee Williams-Piloten Sainz an Albon, deenen nees e staarke Qualifiying gelongen ass. Stroll, Hadjar a Gasly haten de Sprong an de Q3 och gepackt.
No engem Accident vum Tsunoda ass de Q1 fréi fir eng Véierelsstonn gestoppt ginn. Nieft dem Red-Bull-Pilot konnten och de Lawson op Racing Bulls an den Ocon op Haas hiren Auto stoe loossen. Och fir déi zwee Sauber-Piloten Hülkenberg a Bortoleto war fir d’éischt Schluss, ma nodeems dem Bearman seng Ronn nach eemol iwwerpréift gouf, war et den Out fir den Haas-Pilot an de Bortoleto huet et awer nach an de Q2 gepackt.
De Colapinto vun Alpine war um Enn vum Q1 gecrasht a konnt deemno net méi um Q2 deelhuelen. Donieft hu béid Ferrari-Piloten Hamilton a Leclerc et beim Scuderia-Heemspill net an de Q3 gepackt. Och fir de Bortoleto an de Kimi Antonelli op Mercedes war am Q2 Schluss.
