
Op Plaz 3 stinn um Freideg den Owend den Elfyn Evans an de Scott Martin um Toyota Yaris.
Ganz gutt aus der Affär gezunn hu sech bis ewell och de Lëtzebuerger Grégoire Munster a säi belsche Copilot Louis Louka. Fir si ass et e ganz besonnesche Rallye, well et ass déi éischte Kéier, dass si net mat engem Rally2-Ford Fiesta an der Rallye-WM fueren, ma mat engem Ford Puma Rally1. Deemno mat dem selwechte Material, mat deem och z.B. den Ott Tänak fir M-Sport Ford fiert. Dësen Auto huet vill méi Leeschtung, méi Aerodynamik an och besser Bremsen, wéi de Rally2-Fiesta. Deemno huet et geheescht sech un d’Potential vum Puma eruntaaschten.Schonn um Shakedown en Donneschdeg konnt een am Gesiicht vum Grégoire Munster gesinn, wéi vill Spaass hien am Auto hat.
E Freideg war de Start net optimal, well 5 Minutte virum Depart huet de Copilot Louis Louka festgestallt, dass hien d’Nottenheft vun de Freides-Speciallen net dobäi hat. An enger Last-Minut-Aktioun hu se dunn d’Notten via Fotoen op den Handy geschéckt kritt, an de Louka huet déi 3 éischt Specialle mussen d’Notte vum Handy ofliesen a sengem Pilot diktéieren. Dobäi koum nach, dass de Puma net seng voll Leeschtung konnt ofliwweren. Ma den Duo Munster-Louka huet dat gutt gemeeschtert kritt, an nom Service goung et mat “richtegen” Notten, an engem topfiten Ford Puma op déi nächst 3 Speciallen. Hei konnt de Munster seng Zäiten dach kloer verbesseren an de Réckstand op d’Spëtzt ass pro Kilometer manner ginn.Um Enn vum 1. Dag stempele si op Plaz 7 am General, dat mat 1min38 Réckstand op d’Spëtzt. Fir si heescht et um Samschdeg den Auto weider kenneléieren an dës Geleeënheet notzen, fir wichteg Kilometer an der Kinneksklass vum Rallyesport ze sammelen.

E Samschdeg sinn nach emol 6 Speciallen um Programm, an e Sonndeg dann nach emol 4.
Klassement nom 1. Dag vum Rallye Chile BioBio
| 1. | Tänak Ott - Järveoja Martin | RC1 M | 58:43.7 | |
| 2. | Suninen Teemu - Markkula Mikko | RC1 M | 58:47.9 | +4.2 |
| 3. | Evans Elfyn - Martin Scott | RC1 M | 58:56.4 | +12.7 |
| 4. | Neuville Thierry - Wydaeghe M. | RC1 M | 59:11.4 | +27.7 |
5. | Rovanperä Kalle - Halttunen J. | RC1 M | 59:22.4 | +38.7 |
| 6. | Katsuta Takamoto - Johnston Aaron | RC1 M | 59:29.3 | +45.6 |
| 7. | Munster Grégoire - Louka Louis | RC1 | 1:00:22.1 | +1:38.4 |
| 8. | Pajari Sami - Mälkönen Enni | RC2 | 1:00:53.3 | +2:09.6 |
| 9. | Solberg Oliver - Edmondson E. | RC2 | 1:01:06.6 | +2:22.9 |
| 10. | Heller Alberto - Allende L. | RC1 | 1:01:13.0 | +2:29.3 |
| 11. | Gryazin Nikolay - Aleksandrov K. | RC2 | 1:01:44.7 | +3:01.0 |
| 12. | Greensmith Gus - Andersson Jonas | RC2 | 1:01:49.8 | +3:06.1 |
| 13. | Lindholm Emil - Hämäläinen R. | RC2 | 1:01:58.0 | +3:14.3 |
| 14. | Kajetanowicz K. - Szczepaniak M. | RC2 | 1:02:11.7 | +3:28.0 |
| 15. | Rossel Yohan - Dunand Arnaud | RC2 | 1:02:42.1 | +3:58.4 |
| 16. | Fernández Emilio - Rozada Borja | RC2 | 1:04:04.2 | +5:20.5 |
| 17. | Scuncio Martin - Roman Javiera | RC2 | 1:04:04.5 | +5:20.8 |
| 18. | Rosselot Emilio - Cañete Tomas | RC2 | 1:04:05.1 | +5:21.4 |
| 19. | Heller Pedro - Olmos Pablo | RC2 | 1:04:06.2 | +5:22.5 |
| 20. | Zaldivar F. - Der Ohannesian M. | RC2 | 1:04:06.3 | +5:22.6 |
| 21. | Israel Benjamin - Ramos Matias | RC2 | 1:04:07.1 | +5:23.4 |
22. | Bulacia Bruno - Díaz José Luis | RC2 | 1:04:07.8 | +5:24.1 |
| 23. | Martínez Fontena J. - Alvarez Nicholson A. | RC2 | 1:10:13.0 | +11:29.3 |
| 24. | Domínguez Diego Jr. - Peñate R. | RC3 | 1:11:34.1 | +12:50.4 |
| 25. | Bulacia Marco - Roca Fabricio | RC2 | 1:12:57.3 | +14:13.6 |
| 26. | Castro Eduardo - Mussano Fernando | RC3 | 1:13:19.8 | +14:36.1 |
| 27. | Kovacs Eduardo - Garcia Ruben | RC2 | 1:14:59.0 0:10 | +16:15.3 |
28. | Loubet Pierre-Louis - Gilsoul N. | RC1 M | 1:38:41.7 | +39:58.0 |