Porsche Supercup zu BarcelonaPereira séchert sech 3. Plaz, ten Voorde wënnt an ass neie Leader

Tom Hoffmann
Zwou Coursse virum Enn vun der Saison huet de Pereira am General elo e Réckstand vu 4 Punkten op den Hollänner.
Vu Startplaz 5 op Positioun 3
Beim Porsche Supercup konnt de Lëtzebuerger Dylan Pereira op de Podium fueren.

Beim Start vun der 6. Manche am Porsche Supercup zu Barcelona konnt sech den Dylan Pereira eng Plaz no vir schaffen op d'4. D’Féierung huet iwwerdeems den Jaxon Evans iwwerholl. Hien ass laanscht de Larry ten Voorde, de Mann vun der Pole, gefuer.

Wéinst engem Accident op der Startlinn koum an der éischter Ronn direkt de Safety Car eraus. Fir datt d’Autoe konnte geraumt ginn, gouf d’Course an der 4. vu 13 Ronne komplett gestoppt. De Restart ass gutt gelaf fir den Dylan Pereira. Hie konnt e weidere Konkurrent iwwerhuelen an huet sech op déi 3. Plaz verbessert. Un der Spëtzt gouf et och nees e Wiessel. De Larry ten Voorde huet sech den Jaxon Evans gekroopt.

E kuerze Schreckmoment gouf et fir de Lëtzebuerger Pilot an der 9. ronn. Op der Ligne droite huet hie bal d’Kontroll iwwert säin Auto verluer, ma um Enn ass näischt geschitt. Och wa säin direkte Verfolger nees méi no un hien erukomm ass.

Wären de leschte Ronne gouf et vir keng Verännerunge méi. De Larry ten Voorde huet sech d’Victoire geséchert, dat virum Jaxon Evans an dem Dylan Pereira.

Am General fält de Lëtzebuerger op déi zweete Plaz zeréck. Hien huet elo e Retard vu 4 Punkten op den ten Voorde.

Et bleiwen dës Saison nach zwou Courssen am Porsche Supercup ze fueren. An zwou Woche geet et zu Spa-Francorchamps an der Belsch weider. Hei hat de Lëtzebuerger déi lescht Saison d’Course gewonnen.

Porsche Supercup zu Barcelona - Highlights
Déi bescht Momenter vum 6. Laf am Porsche Supercup 2020, mat engleschem Kommentar.

Back to Top
CIM LOGO