Fir de Lëtzebuerger ass dëse leschte Qualifying vun der Saison grad am Ufank net ideal verlaf. An den éischte Minutte gouf et eng Sortie vun der Streck, ma de Pereira konnt säi Gefier opfänken an nees zeréck op de Circuit bréngen. Zu deem Ament hat hien déi véiert Beschten Zäit mat ronn 3 Honnertstel Retard op den Éischte fäerdegbruecht.
Nach viru sengem Boxenstopp konnt de Lëtzebuerger seng Zäit nach eng Kéier verbesseren, an hat just nach e Retard vun 0,186 Sekonnen op de Florian Latorre, dotëscht war dann nach den Larry Ten Voorde, deen am Generalklassement als Zweete just 4 Punkte Retard op den Dylan Pereira huet.
Et koum also op déi lescht puer Ronnen un, fir sech eventuell nach besser ze placéieren, grad nodeem de Leon Köhler an den Larry Ten Voorde hir Zäiten nach verbessert haten an den Dylan Pereira op Plaz 4 zeréckgefall war. Mat enger liicht besserer Zäit konnt de Pereira déi véiert Plaz sécheren, huet awer kee gréissere Sprong méi no Vir konnte maachen.
Esou start de Larry Ten Voorde vun der éischter Plaz, mat enger Ronnenzäit vun 1:48:676. Vun der Zwee start de Florian Latorre, de Leon Koehler vun der Dräi an de Pereira vu Véier, dat viru sengem Teamkolleeg Jaxon Evans.