
Am Kontext vum Ukrain-Krich hat sech d’amerikanescht Team jo vum Russ Mazepin getrennt. Den Gene Haas, Proprietär vun der Ecurie hofft awer nach e Pilot fir d’Courssen ze fannen, dee méi Experienz huet wéi den 25 Joer ale Brasilianer, dee bis elo eréischt zwou Formel 1 Coursse gefuer ass. Dat war virun zwee Joer am Bahrain an zu Abu Dhabi, wéi hie fir de blesséierten Romain Grosjean am Cockpit soutz.
Ëmmer nees ass den Numm vum Antonio Giovinazzi ze héieren, deen zejoert säi Kontrakt bei Alfa Romeo net verlängert krut, an duerch de Chines Guanyu Zhou ersat gouf. De Fittipaldi ass den Enkel vum 2-fache Formel 1 Weltmeeschter Emerson Fittipaldi.
A ronn zwou Woche fänkt dann déi nei Saison un, an déi kënnt Dir dann och nees Live op RTL Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an um Internet op rtl.lu an op rtlplay suivéieren.