
Dat gëllt souwuel fir Kanner, grad ewéi och fir Erwuessener.
Et ginn och reservéiert Slote fir lizenzéiert Piloten, wou déi d’Karting-Pist fir sech notze kënnen.
De Gerant vun der Pist, de Fabien Recht, präziséiert, dass all déi sanitär Mesuren getraff goufen, fir dass d’Sécherheet fir jiddereen op a ronderëm d’Pist assuréiert ass. D’Material gëtt no all Notzung desinfizéiert a geschwë wier et och méiglech, online kënne säi Kart ze reservéieren.
D’Karting-Pist ass vun dënschdes bis samschdes vun 10.30 bis 12.30 Auer op, grad ewéi vun 13.30 bis 18.30 Auer.
Weider Informatioune ginn et op www.acl.lu/karting oder via Telefon um +352 37 90 01.