Autocross-EMPlaz 2 fir de Kevin Peters zu Bauska a Lettland

RTL Lëtzebuerg
De Weekend vum 4. a 5. Juni gouf a Lettland déi 1. Manche vun der Autocross-Europameeschterschaft gefuer.

De Weekend ass am Fong bal perfekt fir de Lëtzebuerger Kevin Peters verlaf. En ass am Zäittraining an der Kategorie Buggy 1600 d’Beschtzäit gefuer, konnt all seng Qualifikatiounsleef gewannen, grad ewéi d’Semifinal.

An der Final huet dunn de Start awer net optimal geklappt, wouduerch et um Enn “just” déi zweet Plaz am Generalklassement ginn ass. Gewonne gouf d’Final vum Markus Wibbeler aus Däitschland. Plaz 3 goung un de Styn Jaspers aus Holland.

Plaz 15 goung un de Kenny Reding, deen dofir nach 12 Punkte kritt huet.

Back to Top
CIM LOGO