
Nieft dem Porsche Supercup fiert den Dylan Pereira dës Saison nach am Porsche Carrera Cup mat. De Weekend ass déi Manche an dëser Competitioun zu Imola am Autodromo Enzo e Dino Ferrari.
An der éischter Course um Samschdeg war de Lëtzebuerger vun der 9. Plaz an d’Course gaangen a konnt sech um Schluss als 7. klasséieren. D’Course gëtt vum Bastian Buus virum Laurin Heinrich an dem Larry Ten Voorde gewonnen.
An der ProAM-Wäertung huet de Lëtzebuerger Carlos Rivas gewonnen.
E Sonndeg gëtt déi zweet Course gefuer.