Formel 1: Grousse Präis vu BahrainPole fir de Weltmeeschter Lewis Hamilton

RTL Lëtzebuerg
De Mercedes-Pilot huet sech virum Valtteri Bottas an dem Max Verstappen behaapt.
Pole fir de Lewis Hamilton
Fir Ferrari gouf et am Kampf ëm de Konstrukteurs-Titel een Debakel.

Um persesche Golf war e Samschdeg de Qualifying vum Grousse Präis vu Bahrain.

No engem Q1 ouni grouss Iwwerraschungen ass et am Q2 fir d’Ekipp vu McLaren eng Schrecksekonn ginn, wéi sech de Carlos Sainz gedréint huet. De Pilot aus Spuenien huet domat seng Chancen op de Q3 misste begruewen. De Sebastian Vettel wéi och säi Partner Charles Leclerc op Ferrari hunn et eng weider Kéier net an d’Top10 gepackt.

Am Q3 huet de Lewis Hamilton op Mercedes nees alles kloer gemaach an huet der Konkurrenz keng Chance gelooss. De Weltmeeschter start domat op der Pole Positioun, virum Valtteri Bottas an dem Max Verstappen ob Red Bull. Op Plaz 4 fiert den zweete Red Bull Alex Albon.

D’Course gëtt e Sonndeg um 15.10 Auer gestart.

Back to Top
CIM LOGO