
D’FIA huet e Samschdeg den Owend kommunizéiert, dass de Qualifying op e Sonndeg de Moien, Lokalzäit 7h30, geréckelt gëtt. Lëtzebuerger Zäit ass de Start deemno um 11h30.
D’Course um Sonndeg gëtt iwwerdeems wéinst weider annoncéierte Wiederen no vir geréckelt. Den Depart ass elo fir 16h30 eiser Zäit virgesinn.
De Qualifying kënnt Dir vun 11h25 un op RTL suivéieren, fir d’Course fänkt d’Sendung um 15h45 un.
Qualifying, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Sonndeg, 3. November 2024:
Ufank vun der Emissioun: 11h25
Depart vum Qualifying: 11h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h40
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play.
Sonndeg, 3. November 2024:
Ufank vun der Emissioun: 15h45
Depart vun der Course: 16h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 18h30
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
