
Beim 1. Laf vum Michelin Le Mans Cup um Circuit Paul Ricard, konnt ee sech iwwert déi 4. Plaz freeën. Duerno ass et allerdéngs manner gutt gelaf. Souwuel zu Monza wéi och zu Le Mans gouf et nawell zolidd Réckschléi.
Beim 4. Laf, deen zu Barcelona gefuer gouf, geet d’Erfollegskurv awer nees no uewen. Nieft dem Gary Hauser souz och den Nicolas Mélin am Norma M30. Et war dem Bronze-Fuerer säin éischten Asaz op deem Auto. Am Qualifying war et eng gutt 4. Positioun.

D’Course hat allerdéngs net sou positiv ugefaangen... Wéinst engem Feelstart, huet de Mélin seng zwou Positiounen, déi hien direkt an den éischte Kéiere konnt gewannen, nees mussen opginn. Et koum zu enger zweeter Startprozedur, bei där de Fransous dunn awer op déi 7. Plaz zeréckgefall ass. Beim Pilotewiessel no 1 Stonn, konnt hien den Auto op Plaz 4 un den Gary Hauser iwwerginn.

De Lëtzebuerger ass op Plaz 5 nees op d’Streck komm an hat och direkt all Hänn voll ze dinn. Hie war an e puer spannend Dueller involvéiert a kann um Enn eng 6. Plaz iwwert d’Zil retten, wat dem Team wichteg Punkten am Championnat bréngt. An der Team-Wäertung ass Racing Experience elo op Plaz 7 am Michelin Le Mans Cup.
Déi nächst Manche am Championnat ass den 21. September zu Spa-Francorchamps. Et heescht also elo d’Summerpaus genéissen an Energie tanke fir den nächsten Asaz.