
De Laurent Mekies bleift bis Enn 2031 Team-Chef vu Red Bull. Dat huet d'Ecurie mam Sëtz zu Milton Keynes a Groussbritannien e Mëttwoch annoncéiert. Den 49 Joer ale Fransous hat am Juli 2025 d'Successioun vum Christian Horner iwwerholl. Virdrun war de Mekies ënner anerem tëscht 2018 an 2023 bei Ferrari an tëscht 2024 an 2025 bei de Racing Bulls.
Réischt viru Kuerzem hat Red Bull scho mat hire Fuerer Max Verstappen, bis 2030, an dem Isack Hadjar, bis Enn 2027, verlängert. De Verstappen hat déi lescht zwou Coursen a Malaysia an zu Singapur gewonnen. De Weekend vum 25. Oktober geet et da weider mam grousse Präis vun Austin an den USA.