
Den 20. November ass dann déi lescht Course mam Grousse Präis vun Abu Dhabi. D’nächst Saison gëtt et dann eng Première mam Grousse Präis vu Miami an den USA.
Imola an Le Castellet sinn am Kalenner bliwwen. Singapur a Japan sinn nees zeréck, an och Australien a Kanada stinn nees mat um Kalenner fir 2022. Just China gouf wéinst den onséchere Covid-Konditiounen net reintegréiert.
D’nächst Saison ginn et jo och grouss Changementer bei de Reglementer vun den Autoen. Eppes dat awer bleift ass, datt RTL Télé Lëtzebuerg och déi nächst an déi iwwernächst Saison d’Kinneksklass aus dem Automobilsport weiderhi Live iwwerdréit.