
Alpine Autoe hu bis ewell scho grouss Succèsen op de Rally-Circuiten oder bei de Laangstrecke-Coursse gefeiert. Renault hofft, datt mat den Ännerungen, déi fir d’Saison 2022 annoncéiert goufen, een nees zu der aler Stäerkt kann erëmfannen.
Ëmmerhin huet de Fernando Alonson, deen déi nächst Saison fir Alpine un den Depart wäert goen, 2005 an 2006 mam Renault de Weltmeeschtertitel geholl.
Déi aktuell giel-schwaarz Lackéierung vum Renault Formel 1-Won wäert sech mam neien Numm wuel och änneren.
Fir de Gérard Lopez, deen jo een vun den Aktionären an Direkteren vun der Ecurie ass, ännert näischt. Eis géigeniwwer sot de Lopez, datt déi Decisioun vun hirem Board esou geholl gi wär, an hien do och dobäi gewiescht wär.