Och wann den Daniel Ricciardo an den Nico Hülkenberg wuel net em de Weltmeeschtertitel kämpfen wäerten, kéint et eng ganz gutt Saison fir d’Traditiounsecurie ginn. De Franky Hippert war op Barcelona an eng RTL-Ekipp ass op Enstone gefuer an hu mat de Responsabelen vum Renault F1 Team geschwat.
Renault ass eng Traditiounsekippen an der Formel 1 an gehéiert einfach zu der Kinneksklass vum Motorsport dozou. Des Saison well een ob allen Fall rocken an den Ecart zu den Top Teams reduzéieren.
En puer Minutten ausserhalb vun Enstone steet se. Fabrick vun Renault F1. Den V6 Turbo Motor gëtt allerdéngs net an England produzéiert mee zu Viry-Chatillon bei Paräis. Roll vun der Fabrick zu Enstone ass d’Aarbecht um Chassis.
An deenen leschten dräi Joer, huet een sech, ouni et un di Grouss Klack ze hänken, am techneschen Beräich an och personell verbessert. Bei den Tester zu Barcelona louch een iwwert Ronnenunzuel, an och zäitlech an den Top 3, wat déi gutt Aarbecht wärend dem Wanter ënnersträicht. Och Resultater déi een an der Simulatiounen gesammelt huet, hunn mat deenen vun den Tester iwwereneen gestemmt.
Den Nico Hülkenberg fiert zanter 2017 vir di franséisch Ecurie. Bei den Tester zu Barcelona hat den däitschen Pilot an déi éischter Woch esouguer Beschtzäit. Den RS19 huet och bei him en gudden Androck hannerlooss.
Vill bréngen soll och Zukunft. Den Gérard Lopez war mat der leschter Saison zefridden ma dëst Joer soll eng Schëpp bäigeluecht ginn. Am léifsten géif hien, des Saison schonn, an Top 3 fueren.
Um Auto pecht awer och en Stéck Lëtzebuerg mat 5 Buschtawen. Genii hält momentan 15% vun den Aktie vun Renault F1. Fir den Eric Lux, CEO vun Genii, war et ob allen Fall keen Feeler, des Investissement ze maachen.
Kaarten ginn den nächsten Weekend zu Melbourne op den Dësch geluecht, an spéitstens da weess ee wou ee steet.