De René Rast huet sech no engem staarke Weekend um Nürburgring deen zweeten Titel an der DTM geséchert. No senger Victoire e Samschdeg huet sech den Audi-Pilot als Drëtte klasséiert an huet domadder den Titel fréizäiteg perfekt gemaach.
Op déi éischt zwou Plaze sinn déi aner Audi-Piloten Jamie Green an Robin Frijns gefuer.
Den nächste Weekend ass zu Hockenheim déi leschte Course vun der Saison.