Um Silverstone-FestivalRetour vum historesche Cooper 500 Mk V

RTL Lëtzebuerg
Mam Gewënnerauto vum Grand Prix de Luxembourg 1951 war eng Delegatioun vum CNVH um Depart vum Silverstone Festival a Groussbritannien.
© cnvh.lu

Nieft der Victoire am Grand-Duché hat de faméise Cooper 500 Mk V viru 74 Joer um bekannte Circuit an Northamptonshire eng zweete Plaz kënnen afueren an den Hänn vum Alan Brown. Bei sengem Retour hu sech vill Leit fir de Won aus englescher Produktioun interesséiert, sou dass vill nei Kontakter zustane koumen.

Um Festival gouf de 75. Anniversaire vum Silverstone Grand Prix gefeiert. Zur Delegatioun vum CNVH (Centre National de Véhicules Historiques), déi de klenge Formelauto un den Depart bruecht huet, hunn de President Georges Carbon, de Vizepresident Tom Sauber, de Sekretär Jean Hansen an de Caissier Dr
Stefan Jacobs gehéiert, dee gläichzäiteg och de Pilot vum historesche Gefier war.

© cnvh.lu

De Won war an der Klass vun de Formel 3 Autoe mat maximal 500 cm3 gemellt, an där méi wéi 60 aner Autoe matgefuer sinn. No technesche Problemer am Qualifying goung den Dr Stefan Jacobs vun der 42. Plaz an d’Course, a konnt sech, trotz weidere Komplikatiounen, bis op Plaz 28 no vir kämpfen. Dat war gläichbedeitend mat der 9. Plaz a senger Kategorie.

© cnvh.lu

Déi ganz Ekipp vum CNVH war duerno awer zefridden, a laut President Georges Carbon wier et och hir Flicht gewiescht, deen Auto a Groussbritannien un den Depart ze bréngen. An Zukunft soll de Cooper a weideren historesche Courssen agesat ginn - eventuell bei engem neien Event an deem Beräich hei zu Lëtzebuerg, bei deem weider 500er beienee kéinte kommen.

Speziell war d’Treffe mat de Nokomme vum Britt Les Leston, deen 1952 de Grousse Präis vu Lëtzebuerg am 500er Cooper gewanne konnt géint international Vedette wéi Sterling Moss a Peter Collins.

© cnvh.lu

Back to Top
CIM LOGO