
Dëse wäert net Grousse Präis vun Däitschland heeschen, mä Grousse Präis vun der Eifel. Dat wéinst lizenzrechtleche Grënn.
Dono ass de 25. Oktober eng Course zu Portimao a Portugal an den 1. November zu Imola an Italien. Dat wieren dann am ganzen 13 vun de 15 néideg Coursen, fir dass d’Formel 1 keng Perten op TV-Rechter mécht.
2013 hat de Sebastian Vettel déi lescht Course um Nürburgring gewonnen.
Donieft sinn och nach d’Courssen zu Portimao a Portugal an zu Imola an Italien dobäi komm. D’Grand-Prixen an den USA, Brasilien, Mexiko a Kanada sinn dogéint net.