
An der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit ass op Philip Island an Australien déi drëttlescht MotoGP-Course vun der Saison gefuer ginn. Den Alex Rins huet um Enn Suzuki déi éischt Victoire an dëser Saison geséchert. An enger ganz enker Course huet sech de Spuenier virum Marc Marquez (Honda) an dem Francesco Bagnaia (Ducati) duerchgesat, déi de Podium komplettéiert hunn. Fir de Rins war et déi éischt Victoire zanter 38 Grand Prixen.
Am WM-Klassement kënnt et no der éischter Course an Australien zanter 2019 zu engem Wiessel un der Spëtzt. De Fabio Quartararo (Yamaha) war no engem Fuerfeeler wäit zeréckgefall. No enger Chute war d’Course du ganz eriwwer. D’WM-Féierung ass hien domadder un de Bagnaia lass, deen elo eng Avance vu 14 Punkten huet.
Den Alonso Lopez huet seng zweet Course an der Moto2 gewonnen. De Boscoscuro-Pilot huet der Kalex-Konkurrenz keng Chance gelooss an huet sech mat engem Virsprong vun iwwer 3 Sekonnen d’Victoire geséchert. De Podium komplettéiert hunn d’Kalex-Piloten Pedro Acosta an Jake Dixon.
Och hei ass et zu engem Wiessel am General komm. Neie Leader ass den Ai Ogura. Hien huet eng Avance vu 4,5 Punkten op den Augusto Fernandez, deen an Australien laang op enger Podiumsplaz louch, ma du gefall an ausgescheet war.
An der Moto3 ass iwwerdeems d’Decisioun ëm den Titel gefall. Den Izan Guevara (GasGas) ass Moto3-Weltmeeschter. De Spuenier huet sech e Sonndeg an engem spannende Véierkampf virum Deniz Öncü (KTM), dem Sergio Garcia (GasGas) an dem Polesitter Ayumu Sasaki (Husqvarna) duerchgesat. Mat 290 Punkten um Konto ass den 18 Joer ale Guevara am General net méi anzehuelen.
Um RTL Play fannt Dir d’Courssen am Replay.
MotoGP
1 Alex Rins Suzuki 40:50.654
2 Marc Marquez Honda 0.186
3 Francesco Bagnaia Ducati 0.224
Moto2
1 Alonso Lopez Boscoscuro 39:14.947
2 Pedro Acosta Kalex 3.556
3 Jake Dixon Kalex 9.583
Moto3
1 Izan Guevara GasGas 37:38.762
2 Deniz Öncü KTM 0.345
3 Sergio Garcia GasGas 0.460
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 233
2. Fabio Quartararo 219
3. Aleix Espargaro 206
Moto2
1. Ai Ogura 242
2. Augusto Fernandez 238.5
3. Aron Canet 192
Moto3
1. Izan Guevara 290
2. Sergio Garcia 225
3. Dennis Foggia 223