
No enger ganz schwiereger 5. Etapp bei der Dakar Rally en Donneschdeg, bei där vill Piloten extrem laang ënnerwee waren, deels grouss Problemer haten, fir d’Arrivée ze fannen, an um Enn zolidd Zäit verluer hunn, hunn d’Organisateuren e Freideg reagéiert. Déi 6. Etapp vun der 43. Editioun gouf ëm 100 Kilometer gekierzt an d’Participanteë sinn och méi spéit op d’Streck geschéckt ginn. Trotzdeem gouf hinnen och hei nees alles ofverlaangt an eng gutt Navigatioun war nees gefrot.
Bei den Autoe war de Spuenier Carlos Sainz (Mini) dee Beschten. Hien huet 3 Stonnen, 38 Minutten a 27 Sekonne fir d’Etapp gebraucht an hat um Enn e Virsprong vu 4 Minutten an 3 Sekonnen op de Yazeed Al Rajhi (Toyota) a 7 Minutten a 16 Sekonnen op den Nasser Al-Attiyah (Toyota). De Stéphane Peterhansel um X-Raid Mini ass de 4. op 7 Minutten a 34 Sekonne ginn.
Am General bleift de Peterhansel a Féierung. Hien huet e Virsprong vu knapp 6 Minutten op den Al-Attiyah an iwwer 40 Minutten op de Sainz.
Bei de Motorrieder huet sech de Joan Barreda Bort (Honda) d’Etappevictoire geséchert. De Spuenier hat e Virsprong vun 13 Sekonnen op de Ross Branch (Yamaha) an 53 Sekonnen op den Daniel Sanders (KTM). De Leader Toby Price (KTM) ass de 7. op 3 Minutten a 54 Sekonne ginn.
Am General huet den Australier eng Avance vun 2 Minutten a 16 Sekonnen op de Kevin Benavides (Honda) an 2 Minutten a 57 Sekonnen op de Jose Ignacio Cornejo Florimo (Honda).
E Samschdeg ass Roudag bei der Dakar Rally.
Resultater am IwwerbléckDen Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

| Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
| 3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
| 4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
| 5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
| 6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
| 7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
| 8.1. | Buraydah - Ha’il | 655 | 448 |
| 9.1. | Roudag | - | - |
| 10.1. | Ha’il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
| 11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
| 12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
| 13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
| 14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
| 15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
| GESAMT | 7.646 | 4.767 |