
De Weekend vum 6. bis den 8. Mäerz sollt den Optakt vun der Saison an der Kinneksklass vun der Motorrads-WM sinn. D’Leef vun de Klasse Moto 2 a Moto 3 sollen awer wéi geplangt sinn.
De Motorrad-Weltverband FIM begrënnt d’Ofso mat verschäerften Bedingungen am Katar, fir anzereesen. Et wieren nämlech eleng 6 vun 22 Fuerer Italiener, an déi missten am Katar 14 Deeg a Quarantän.
D’Fuerer aus der Moto 2 a Moto 3 si schonns méi laang am Katar, well si scho fir Tester do waren, a sinn domat vun dëser Reegelung net betraff.
Dëst ass net dat éischt Evenement, dat ofgesot gëtt. D’Formel-1-Course a China gouf jo schonns éischter ofgesot.