
Bei den Autoe kann Toyota eng Duebel-Victoire feieren, wann och d’Wierksteam just op Plaz 2 kënnt. Gewonne gouf d’Editioun 2025 vum Equipage Yazeed Al-Rajhi an Timo Gottschalk op Toyota Hilux aus dem Overdrive-Team. Si haten um Enn bal 4 Minutte Virsprong op den Henk Lategan a Brett Cummings um Wierks-HIlux. Am Kampf ëm Plaz 3 kënne sech um Enn de Mattias Ekström a säi Copilot Emil Bergkvist um Ford Raptor aus dem Haus M-Sport behaapten a loossen Al-Attiyah a Boulanger um Dacia Sandrider hannert sech.
Fir de Al-Rajhi ass et déi éischt Gesamtvictoire an et ass och déi éischte Kéier, dass e Pilot aus Saudi-Arabien dës prestigiéis Course gewënnt. Säi Copolot Timo Gottschalk hat 2011 schonn emol gewonnen, deemools mam Nasser Al-Attiyah op VW.
Generalklassement
01. Al-Rajhi/Gottschalk (Overdrive Toyota Hilux) - 52:52:15 Stunden
02. Lategan/Cummings (Toyota Hilux) +3:57 Minuten
03. Ekström/Bergkvist (M-Sport Ford Raptor) +20:21
04. Al-Attiyah/Boulanger (Dacia Sandrider) +23:58
05. Guthrie/Walch (M-Sport Ford Raptor) +1:02:10 Stunden
06. Serradori/Minaudier (Century) +1:12:04
07. Yacopini/Oliveiras (Overdrive Toyota Hilux) +1:57:47
08. Ferreira/Palmeiro (X-raid Mini) +2:15:57
09. Quintero/Zenz (Toyota Hilux) +2:20:04
10. Baragwanath/Cremer (Century) +2:59:26
Bei de Motorrieder dominéiert eng weider Kéier KTM, dat mam Australier Daniel Sanders. Et ass och fir hien déi éischt Gesamtvictoire bei der Dakar. En huet vun Ufank u gewisen, dass hien hei ëm d’Victoire fiert a konnt dat déi ganz Course iwwer och duerchzéien. En huet am ganze 5 Dagesvictoirë konnte feieren, dorënner och de Prolog. Zanter dem Prolog loung de Sanders och stänneg un der Spëtzt an huet dës net méi ofginn.

Fir KTM ass et déi 20. Gesamtvictoire bei der Rallye Dakar.
Hannert dem Sanders kommen zwee Honda-Piloten, dat a Persoun vum Tosha Schareina an dem Adrien van Beveren. De Schareina hat um Enn 8min50 Réckstand op de Sanders, de van Beveren 14min46.
Generalklassement
01. Daniel Sanders (KTM) - 53:08:52 Stunden
02. Tosha Schareina (Honda) +8:50 Minuten
03. Adrien van Beveren (Honda) +14:46
04. Luciano Benavides (KTM) +22:16
05. Ricky Brabec (Honda) +29:50
06. Skyler Howes (Honda) +42:44
07. Jose Ignacio Cornejo (Hero) +58:20
08. Edgar Canet (KTM) +1:40:29 Stunden
09. Tobias Ebster (KTM) +2:13:54
10. Stefan Svitko (KTM) +2:14:38