
De Britt Sam Sunderland gewënnt op senger GasGas de Rallye Dakar 2022 bei de Motorrieder. Hie bréngt 3min27 Virsprong mat iwwert d’Zil, dat virum Pablo Quintanilla op Honda, a 6min47 op de Matthias Walkner op KTM.
Den Nasser Al-Attiyah kann no 2011, 2015 an 2019 säi 4. Titel bei dëser prestigiéiser Rallye feieren. Domat huet hie genee esou vill Victoire wéi den Ari Vatanen. Dem Al-Attiyah huet um Enn bal 28 Minutte Virsprong op de Sébastien Loeb. Drëtte gëtt den Al Rajhi (Toyota), dat mat iwwert 1 Stonn Réckstand.