
De 55 Joer ale Rekordchampion huet domat déi 14. Gesamtvictoire um Dakar a sengem Palmarès stoen. Hie konnt 8 Mol d’Autokategorie fir sech entscheeden, huet virdrun awer och scho 6 Mol um Motorrad gewonnen.
Zweete gëtt den Nasser Al-Attiyah op Toyota Hilux, dat mat 13 Minutten an 51 Sekonne Réckstand. De Spuenier Carlos Sainz huet zwar d’Schlussetapp gewonnen, gouf am General awer just den Drëtten, 1 Stonn a 57 Sekonnen hannert dem Gewënner.
Bei de Motorrieder geet d’Victoire un den Argentinier Kevin Benavides (Honda), virum Amerikaner Ricky Brabec (Honda) op 4 Minutten 6 Sekonnen an dem Britt Sam Sunderland op KTM (+15 Minuten a 57 Sekonnen).
