No Katastrophen-SaisonSebastian Vettel fiert vun 2021 u fir Aston Martin

RTL Lëtzebuerg
D'Zukunft vum Sebastian Vettel ass geséchert. Déi nächst Saison fiert hie fir Racing Point/Aston Martin.
© AFP Archivbild

No der katastrophaler Saison mat Ferrari huet de véierfache Weltmeeschter bei Racing Point en neie Kontrakt ënnerschriwwen. Dat huet d’Ecurie en Donneschdeg kuerz virum Grousse Präis vun der Toskana matgedeelt.

Méintelaang Spekulatiounen ëm déi sportlech Zukunft vum 33 Joer ale Vettel wieren deemno elo vum Dësch. Amplaz seng Karriär no 6 Joer bei Ferrari un den Nol ze hänken, geet et weider. Hien iwwerhëlt domat d’Successioun vum Sergio Perez. De Mexikaner hat e Mëttwoch den Owend annoncéiert, dass säi Kontrakt bei Racing Point net verlängert gëtt.

Op der Bourse hat d’Annonce vum Vettel sengem Engagement eng positiv Auswierkung fir den Aston Martin.

Back to Top
CIM LOGO