
Am Fernen Osten huet de Sébastien Ogier op Toyota seng 6. Victoire an dëser Saison gefeiert. De Fransous hat no 20 Epreuven eng knapp Avance vun 11,6 Sekonnen op säi Konkurrent a Toyota-Coequipier Elfyn Evans. De Sami Pajari gouf mat groussem Ofstand (+ 2:16) Drëtten. Domat war de Podium komplett an Toyota-Hand, wat och de Konstrukteurstitel bedeit huet. Et war déi insgesamt 67. Victoire fir den Ogier a senger Rallye-Karriär.
Den Ott Tänak (+ 3:18) huet sech als Véierte placéiert, dat virum Lëtzebuerger Grégoire Munster. De Ford-Pilot konnt domat säi bescht Resultat an der WRC-Rallye egaliséieren. De Kalle Rovanperä gouf Sechsten, huet domat awer keng gutt Ausgangspositioun am Kampf ëm de Meeschtertitel. Déi huet weiderhin den Elfyn Evans. De Waliser huet awer just nach 3 Punkten Avance op de Sébastien Ogier. De Kalle Rovanperä huet 24 Punkte Réckstand.
D’Finall gëtt vum 25. bis den 29. November a Saudi-Arabien gefuer.
Den Ott Tänak huet ugekënnegt, dass hien no dëser Saison seng Karriär als Vollzäit-Rallye-Pilot op en Enn brénge wäert. Domat ass den Est, deen zënter 2009 mat Ënnerbriechungen am Rallye-Zirkus ënnerwee war, nieft dem Kalle Rovanperä den zweeten Top-Pilot, deen Äddi seet.