Rallye-WMSébastien Ogier iwwerhëlt no Victoire am Chile d'WM-Féierung

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass sech um leschten Dag vun der Rallye Chile ëm d'Féierung am WM-Klassement gestridde ginn.
© AFP

No der leschter Manche stoung déi 5. Victoire dës Saison fir de Sébastien Ogier am Toyota fest, dee sech e Sonndeg mat 11 Sekonne viru sengem Teamkolleeg Elfyn Evans an dem Adrien Fourmaux behaapte konnt.

Am WM-Klassement iwwerhëlt de Fransous domadder d’Féierung an huet weider gutt Chancen op säin 9. WM-Titel, mat deem hie mam aktuelle Rekordweltmeeschter Sebastian Loeb gläichzéie géif. Den Ecart op den Zweeten Evans ass dräi Rallye-Weekender viru Schluss awer nëmmen zwee Punkte grouss.

Fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster ass am Chile déi 8. Plaz mat engem Retard vun 2:44.1 Minutten erauskomm.

Weider geet et vum 16. bis den 19. Oktober mat der zentraleuropäescher Rallye, déi iwwer Makadamm vu Passau aus duerch Däitschland, Éisträich an Tschechien geet.

Back to Top
CIM LOGO